Réckbléck
2023
Et war spannend 2023. Mir hoffen op genau esou flott Erliefnisser 2024
Et gëtt ëmmer vill ze entdecken
Januar 2022
💫 eppes ganz wonnerbares hunn mir dësen Weekend erliewt 💫
4 kleng brong Lämmercher sinn zu Heischent gebuer ginn 🐑🐑🐑🐑
Puer Mamma‘en hunn nach e groussen Bauch, wéini déi sech wuel op de Wee machen? 🐑
Waat en opregenden Weekend 🥰🐑🐑🐑🐑
Eisen 4 Lämmercher geet et wonnerbar an lues a lues sinn se manner wackelig op de Been an wuselen monter duerch de Stall.
Leider hutt et bei 3 Lämmercher nik geklappt fir bei der Mamm ze drénken, sou dass déi lo mat der Fläsch opgezunn ginn 🐑
2022
November 2021
Am Kader vum Projet „Nohaltegkeet“ huet Elukka haut zesummen mat der Maison Relais vu Mäerzeg en Beautyatelier ugebueden. D‘Kanner hunn e festen Shampoo, eng Deocrème an e Labello aus natierlechen Materialien hiergestallt
Oktober 2021
E klengen Réckbléck vun eiser Aktivitéit „alles ronderëm den Apel“ 🍎🍏
Et war e schéine Mëtteg mat gudden klengen Schafferten 🥰
September 2021
Gëscht goung et bäi Elukka just em d‘Schof, mir hunn eis alles am Detail ugekuckt 🐑. Lass goung et mam Kenneléieren vun eisen Schof, déi konnten d’Kanner fidderen an heemelen.
Dono hunn mir eis zesummen ugekuckt wat alles mat der Woll vun de Schof kann gemaach ginn. An enger Wäschstrooss hunn mir d‘Woll gewäsch 💦an all Kand hutt sech aus der Woll vun eisen Schof en klengen Kürbis gefilzt
Juni 2021
Puer Andréck vun den Schoulausflich am Summer:
Haut hunn di Heischter Schoulkanner eis besicht. ☀️
Mir hunn puer flott Stonnen mat Bastelen, erfuerschen an kachen verbruecht, eis nei Bulliskichen ass ageweit ginn an vill Schëffelcher sinn entstanen. 🪲🐛🐞⛵️🍌
E weideren schéinen Dag mat enger Heischter Schoulklass voll mat schéinen Erliefnisser! ☀️
Intressant Déieren an Insekten hunn d‘Kanner entdeckt an lecker Pakalu gekacht.
Haut ass souguer spontan en Haus fir déi kleng Bëschbewunner entstanen. D‘Kanner hunn un alles geduecht: en Daach, eng Terrasse, e mëllt Bett aus gerapptem Gras an eng Heizung aus Schofswoll 🤩
De Moien fréi war et un de Spillschoulskanner. Och si hunn an eisem Basteleck schéin Schëffelcher gebastelt an hunn vill Insekten fonnt. 🕷🐜🐞🐝🪲
An als Dessert hunn mir no der Schmier een Marshmallow um Feier gegrillt 😋
E Méindeg de Moien hutt eng weider Spillschoul den Moien bäi eis verbruecht. D‘Kanner haten dat richteg gutt mat den Schof gemaach si konnten d‘Schof heemelen an fidderen 🥰
Kanner haut kënnt dir stolz op iech sinn! 😎
Dir hutt dem Wieder getrotzt an hat e schéinen Dag. Bouletten, e Gebuertsdagskuch, vill Zoppen an Kaffi guffen haut an der Bulliskichen gekacht! 🤩 haut war dat perfekt Wieder fir ze mätschen an Schleeken ze sammelen. 💪🏼🌧
Juni 2021
Lo wou et gutt waarm ass sinn eis Schof geschuer ginn. ✂️
D‘Kanner konnten bäi der Schuer nokucken, uschléissend hunn mer eis de Wee vun der Woll bis zum Fuedem ugekuckt, déi nei Woll gewäsch an villes mam Mikroskop ënnersicht.
Als Ofschloss sinn eis Schof vun de Kanner mat puer Leckereien verwinnt ginn
🐑🐑🐑
Mee 2021
Haut gouf bäi Elukka geplanzt! 🌱
Am Summer wäerten et vill gutt Geméiszoppen z‘iessen ginn mat deem Geméis wat den Kanner am Beschten geschmaacht hutt. 🥕🍅🥔
An mat Chance a vill Sonn och nach mat engem leckeren Dessert 🍉😋
Vill kleng Bëschbewunner hu mir och fonnt, fannt Dir se all op der Foto? 🐜🐌🕷🕸
Mee 2021
1. Mee bäi Elukka 🌳
Och wann et net sou einfach war fir vill Äscht mat Blieder ze fannen kënnen mer awer een super Resultat weisen, souguer mat puer farwegen Punkten 🌼
Mäerz 2021
Ouschteren,
E klengen Réckbléck vun eiser Aktivitéit zum Thema „Ouschteren“ 🐰🐓🥚👩🏻🎨
D‘Kanner hunn mat verschiddenen Faarwen an ënnerschiddlechen Methoden experimentéiert.
Wonnerschéin Eeër hunn d‘Kanner gefierft 🤩
November 2020
Bei schéinstem Hierschtwieder haten mir haut rëm Besuch vun der Mäerzeger Maison Relais.
D'Kanner hunn Trauliichter geschnëtzt an d'Schof gefiddert. Eisen Mëtteg hunn mir mat engem Stockbrot an engem gudden waarmen Viz auskléngen gelooss.
Merci Kanner fir deen schéinen Mëtteg an deen leckeren Kuch deen dir eis matbruecht hutt!! :-)
September 2020
Wann den Summer op en Enn geet, dréint sech bäi Elukka alles em den "Apel".
Duerch déi aktuell Situatioun hunn mir dëss Aktivitéit zwee mol organiséiert an konnten doduerch zwee schéin Mëtteger mat den Kanner verbréngen.
Mir waren an een Bongert, bei d'Kim an den Gaart an op eis Wiss Äppel rafen. Den gréissten Deel hunn mir kleng geraaspelt an an der Vizpress gepresst. De Rescht hu mir gekacht sou dass all Kand frësch gepressten Viz an e Glas Kompott mat heem konnt huelen.
Als Ofschloss hunn mir nach een klengen Apel gebastelt.
August 2020
Am August dëst Joer hutt d'Maison Relais vun Mäerzeg eis besicht. Mir hunn en ganzen Dag mateneen verbruecht an vill spannend Saachen an der Natur an ronderëm d'Schof erlieft.
Juni 2020
Am Juni war et sou wäit, eis Schof sinn geschuer ginn!
Mee 2020
den 1. Mee kruten d'Schof en Meekranz
an hunn en Ausfluch bäi d'Kim an den Gaart gemaach
Januar 2020
eis Schof sinn ukomm!