Elukka:

Als Naturfrënd an Déierebesëtzer hunn mir ons ëmmer schonn mat der Thematik NATUR an DÉIEREN beschäftegt.

Déi positiv Wierkung vun Déieren op eis Mënschen ass all Déierefrënd bewosst. Am Laf vun eisen Carrièren an verschiddene sozialen Aarbechtsberäicher hunn mir reegelméisseg Aktivitéiten an der Natur an mat Déieren gemaach. Dëst war eng immens Beräicherung vir d’Kanner an déi Jugendlech. 

No deenen gudden Réckmeldungen vun den Institutiounen an deene mer geschafft hunn an och vun den Kanner an Jugendlecher déi matgemaach hunn, ass d’Idee entstane dëst weider auszebauen an eng a.s.b.l. ze grënnen.

Zilpublikum an Haaptzil vun Elukka

Een Zil vun der A.s.b.l. ass et, den interesséierten Institutiounen, Schoulen an Familljen flott Momenter an der Natur an Aktivitéiten mat Déieren ze erméiglechen.

Déi aktuell Aktivitéiten fann Dir ënnert dem Punkt "Aktivitéiten2024". Op Demande vun enger Schoul, Maison Relais oder Verein, organiséieren mir Iech och gären eng gezielten Aktivitéit. 
Och Kannergebuetsdeeg kenne bei ons gefeiert ginn. 

E puer Iwwerleeungen zur Interaktioun mat der Natur.


Interaktiounen an Erfarungen mat der Natur an mat Déieren sinn een essentiellen Bestanddeel vun enger normaler mënschlecher Entwécklung. Et ass wichteg d’Natur kënnen z’entdecken.  Dës Erfarungen kann een sech net eendimensional iwwer Medien uneegnen, dofir brauch een déi direkt Erfarung an Interaktioun an der Natur. Iwwert déi laangfristeg Folgen vun enger Naturdeprivatioun kann den Moment just spekuléiert ginn. Fakt ass, Naturerfarungen an den Ëmgang mat Déieren sinn Saachen déi ons Kanner an Jugendlecher ëmmer manner hunn déi awer trotzdeem immens wichteg sinn. 
Mat eiser a.s.b.l. wëllen mir et all den Interesséierten erméiglechen d‘Natur an all hiren Facetten wouer ze huelen.


E puer Iwwerleeungen zu Aktivitéiten mat Déieren


Déieren fungéieren als sozial Ënnerstëtzer. Si ginn Réckhalt an Stresssituatioun an kënnen zu der Entwécklung vun engem besseren Selbstwäertgefill bäidroen. Charakteristesch fir eng resozialiséierend Wierkung vum Déier op den Mënsch sinn ënner anerem folgend Punkten:

  • Déieren senden keng ambivalent an virun allem keng verdeckten an ofleenend Signaler aus. Si wäerten den Mënsch net. D’Zouneigung déi een vum Déier kritt ass ëmmer echt.
  • Erfarung an Erléieren vun Gedold
  • Vermëttelen vun Erfollegserliefnesser
  • Vermëttelen vun Verantwortungsgefill géigeniwwer vun méi Schwachen
  • Föderung vun psychescher Sensibilitéit duerch Kierperlechen Kontakt, deen Verkrampfungen léisst, eng angschtfrei „Zäertlechkeet“ zouléisst.

 D'Grënnungsmemberen vun der Elukka a.s.b.l. sinn alleguer ausgebilten Erzéierinnen, Pedagoginnen an Psychologen.

Déi verschidden Memberen hunn zousätzlech Weiderbildungen an der Déierengestützter Therapie an Pedagogik, rsp Formatiounen an der Erlebnispädagogik gemaach.   

d'Memberen vun ELUKKA:

President:                 
Strasser Marc
Sekretärin:               
Daisy Schildermanns
Caissier:                   
Cliff Englebert

Memberen:           
Kim Faramelli,
Steffi Berchem,
Daisy Schildermans, 
Jill Hastedt



d'Memberen vun Elukka:

Kim Faramelli

Steffi Berchem

Daisy Schildermans

Jill Hastedt