Elukka,

Eis Aktivitéiten gi geplangt a gehalen vun Animateuren déi schonn laang an  pädagogeschen an/oder schouleschen Beräicher schaffen (oder geschafft hunn).


Eis Animateuren kombinéieren a deelen hiert Wëssen a Freed un der Natur an deenen eenzelnen Aktivitéiten. 

Beruffsbedéngt hunn eis Aktivitéiten fir d’Kanner och ëmmer ee liicht educative Charakter woubäi mir eis Léift zu der Natur an zum Ëmgang mat der Natur an mat den Déieren mat vill Spill an Spaass un d’Kanner vermëttelen.

Gären organiséieren mir, fir Gruppen, och themenzentréiert Aktivitéiten op Demande. 

Dir sidd interresséiert een , Ausfluch oder Kannergebuetsdag, bei eis ze plangen,
Zéckt net an schreift eis un! :-)

Opgepasst!

Dëst Joer bidden mir och verschidden Aktivitéiten an Zesummenarbescht mam Club Uewersauer un. Dës Aktivitéiten sinn gekennzeechnet. Fir déi Aktivitéiten soll een sech direkt bei hinnen an net iwert eisen Site umellen
Tel. 27 40 27 80
Mail: [email protected]

Merci fir ärt Verständnis

Ouschteraktivitéit

Sonndeg den
29. Mäerz 2026 vun 14:00-16:00

Ouschtere bei Elukka,

erliewe Kanner vill flott Aktivitéiten. Um Programm steet ënnert anerem  Ouschtereeër fierwen mat Naturfarwen. Spilleresch gëtt eppes iwwert dat verschiddent Federvieh an d'Diversitéit vun den Eeër geléieren. Als Ofschloss dierf natierlech déi grouss Ouschtreeërsich net feelen, wou Kanner op engem Terrain vun 1 Hektar vill Leckereie fannen.

Och eis Schof, Hinger an den Ouschterhues si bei dëser Aktivitéit mat vun der Partie.

Präis: 30 € pro Kand 

Der Natur op der Spuer 

Samsdeg den
30 Mee 2026 (14:00-17:00)

  Villes an der Natur ass net direkt vir eis Mënschen ze gesinn. Mee alles hannerléisst Spueren, esou zum Beispill den Ofdrock vun enger Déierenpatt. An dëser Aktivitéit léieren d'Kanner spilleresch mat oppenen Aaen duech Natur ze goen. Spueren fannen a liesen, Déieren am Buerdem an am Waasser entdecken a villes méi.


35€
Umellen beim CLUB UEWERSAUER

Mäin klenge Gaart

Samsdeg den
23 Mee 2026 (14:00-16:00)

Programm :

All Kand gestalt säin eegenen klengen Gaart mat deem Geméis wat him am Beschten schmaacht. 

🥕🥬🫑🍅🥒
An fir rauszefannen wat dat ass schmaachen mir eis zesummen duerch verschidden Geméiszorten. 😋

Fir dass eist Geméis gutt wuessen kann kucken mir eis zesummen un:
-  a wéi engem Buedem d‘Planzen am Beschten wuessen
- wat d‘Geméis nach alles brauch fir grouss ze ginn
- mat wat eis Planzen net sou frou sinn an 
- op wat mir mussen oppassen,... ☀️🌧🌱

30 € pro Kand

Naturexperimenter 

Samsdeg den

18.07.2026 vun 14-17Auer 35€ / Kand w.e.g. umellen beim CLUB UERWERSAUER 

25.07.2026  vun 14:00-16:00

Dësen Mëtteg steet ennert dem Motto "Entdecken, Erfuerschen an Expérimentéieren"

Anhand vun verschiddenen spannenden Expérimenter an Spiller erliewen Kanner d'Natur mat allen Sënner.
Naturphänomener besser verstoen

25 € pro Kand 

vum Kär zum Brout

Samsdeg den
12.09.2026  (10:00-14:00)


an dëser Aktivitéit gi mir op eng spannend Rees a fannen  eraus wat alles geschitt bis mir e gutt Brout um Dësch hunn:

- Wat sinn dat fir Kären, 
- wéi wuessen se, 
- wéini a wéi ginn se geerntet an 
- wéi ginn Kären zu Brout verschafft

Mat Spill a Spaass begi mir eis op dëse spannende Wee a natierlech baken mir och e leckert Brout


Dauer vun der Aktivitéit 4 Stonnen

40 € pro Kand


Alles ronderëm den Apel 

Samsdeg den
26.09.2026 (14:00-16:00)

vir Kanner ab 6 Joer

Wann den Summer op en Enn geet, dréint sech bäi Elukka alles em den "Apel".

Programm :

  • Äppel plécken a rafen 
  • Viz a Kompott maachen 
  • gutt Äppelpancakes um Féier


Präis:
25 € pro Kand 
 

Trauliicht 

Samsdeg den 31.10.2026 vun 14:00-16:00 Auer

vir Kanner ab 6 Joer

um Programm stinn:

D'Traditioun vun den Trauliichter opliewe loossen 

zesumme schnëtzele mir Rommele 

mir maache Stockbrock beim Feier an erziele Grujelgeschichten

25€ pro Kand