Elukka,

all d‘Aktivitéiten vun Elukka ginn begleet vun 2 Leit déi am Pedagogeschen Beräich (Educatrice an Heilpädagogin) ausgebilt sinn. Ausserdeem leeën mir groussen Wäert op regional an Bio Produit‘en. Mir schaffen mat Leit aus der Regioun zesummen, eis Eeër fir d‘Ouschteraktivitéit zb. kommen aus klengen Haltungen wou d’Hinger mat Leidenschaft gehale ginn. 

Fréijoer 2023

Ouschteren 1.04.2023 (KOMPLETT)
(ab 5 Joer)

Created with Sketch.

D‘Aktivitéit ass komplett 🐑🐰🐔
et besteet ewer d‘Méiglichkeet sech op d‘Wardelëscht schreiwen ze loossen. 


Programm :

  • Mir fierwen Eeër mat frëschen Naturmaterialien déi och kënnen geschmaacht ginn (Zwiwwelen, Spinat, rout Rommelen, etc)
  • E Quiz mat Rätselen iwwer Hinger bei deem mir eis och verschidden Zorten Eeër ukucken: Eeër déi d’Hinger schonn faarweg leeën, Gänsen a Wachteleeër (déi Eeër fierwen mir mat an déi kréien d‘Kanner mat heem) 
  • Eng Eeërsich iwwert eisen ganzen Terrain 
  • Den Ouschterhues a puer Dickelcher kommen op Besuch 🐰🐔



Datum:
1. Abrëll 2023 vun 14:00- 16:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
30€ pro Kand


all Kand ab 5 Joer ass häerzlech wëllkomm.

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit w.e.g. uginn, Merci) 

d’Natur mat alle Sënner erliewen 29.04.2023

 (ab 6 Joer)

Created with Sketch.

Programm : 

  • Kucken, richen, schmaachen an taaschten
  • Wéi richt et am Bësch a beim Weier, de Schof hiren Pelz oder de Bam? 
  • Op spilleresch Aart a Weis erliewen mir d’Natur mat all eise Sënner. 



Datum:
29. Abrëll 2023 vun 14:00- 16:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
20€ pro Kand 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Mäi klengen Gaart 27.05.2023

 (ab 6 Joer)

Created with Sketch.

Programm :

All Kand gestalt säin eegenen klengen Gaart mat deem Geméis wat him am Beschten schmaacht. 

🥕🥬🫑🍅🥒
An fir rauszefannen wat dat ass schmaachen mir eis zesummen duerch verschidden Geméiszorten. 😋

Fir dass eist Geméis gutt wuessen kann kucken mir eis zesummen un a wéi engem Buedem d‘Planzen am Beschten wuessen, wat d‘Geméis nach alles brauch fir grouss ze ginn, mat wat eis Planzen net sou frou sinn an op wat mir mussen oppassen,... ☀️🌧🌱

Komm mir dinn d‘Schaffhännchen un a lass an de Gaart. 🧤



Datum:
27. Mee 2023 vun 14:00- 16:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
30€ pro Kand 
(D‘Kanner kréien en eegenen klengen Gaart mat heem, e Bak deen mir beplanzen. Kleng Planzen déi schonn virgezunn sinn, déi d’Kanner ëmdëppen. Et ass dat Geméis, wat si kënnen an hieren Gaart planzen, frësch op der Plaz fir ze schmaachen)

all Kand ab 6 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Summer 2023

Fuerschen an Experimentéieren 8.07.2023 (ab 6 Joer)

Created with Sketch.

Programm :


Dësen Mëtteg steet ënnert dem Motto "Erfuerschen an Experimentéieren".
E risegt Entdeckungs- a Spillparadies erwaart dech bäi Elukka.

E ganze Koup spannend Experimenter zum Thema Natur stinn haut um Programm.
Spannend Déieren, d‘Loft, e bëssen Physik a Chimie (keng Suerg är Kanner brauchen keen Helm,😉)…
An eisem Materialkoffer gëtt et alles fir d'Déieren ze erfuerschen a cool Experimenter ze erliewen 💪🏼

Datum:
8.Juli 2023 vun 14:00-16:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
20€ pro Kand (plus Materialkäschten)


all Kand ab 6 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Schatzsich am Bësch 29.07.2023 (ab 5 Joer)

Created with Sketch.

Programm :


Wéi duerch e Wonner ass eng komesch Gliesefläsch bei eis am Weier geland! Déi gesäit aus wéi wann déi schonn e wäite Wee hannert sech hätt!
A wat ass dat?? Et gesäit aus wéi wann do en Ziedel dra wier! Kann dat dann villäicht eng Schatzkaart sinn? Et kann een et kaum gleewen! Hei zu Heischent! E Schatz?
Allez hopp, deen Schatz deen loossen mir eis net entgoen!

Datum:

29. Juli 2023 vun 14:00-16:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
20€ pro Kand (plus Materialkäschten)

all Kand ab 5 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Hierscht 2023

alles ronderëm den "Apel" 30.09.2023    (ab 5 Joer) 

Created with Sketch.

Wann den Summer op en Enn geet, dréint sech bäi Elukka alles em den "Apel".

Programm :

  • Äppel plécken a rafen 
  • Viz maachen 
  • eppes Gutts aus eisen Äppel kachen



Datum:
30
. September 2023 vun 14:00-16:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent

Präis:
20€ pro Kand (plus Materialkäschten)

all Kand ab 5 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Wanter 2023

 Chrëschtzäit 16.12.2023     
(ab 5 Joer)

Created with Sketch.

Programm :

An der Chrëschtzäit denken mir och un d‘Déieren aus der Natur an maachen hinnen eng kleng Freed.

  • Mir bereeden Uebst an Geméis fir, an rëschten mat deenen Leckereien puer Chrëschtbeemercher fir déi wëll Deieren. 
  • Mir maachen Vullefudder wat d‘Kanner kënnen mat heem huelen.


Datum:

16. Dezember 2023 vun 14:00-16:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
20€ pro Kand (plus Materialkäschten)

all Kand ab 5 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Léif Leit, 


gären organiséieren mir, fir gréisser Gruppen, och themenzentréiert Aktivitéiten déi Dir momentan net an eiser Offer fannt. 
Bsp. Eng Aktivitéit mat eisen Hénger an Kanéngercher vir Ouschteren, Aktivitéiten ronderëm d’Thema Schof, abenteuerleches an der Natur etc... 
Zéckt net an schreift eis gär un! :-)