Elukka,

 

all d‘Aktivitéiten vun Elukka gi begleet vun engem Animateur deen am pädaogeschen Beräich (Pädagogin, Educatrice) ausgebilt ass. Ausserdeem leeë mir groussen Wäert op regional a Bio Produit‘en. Mir schaffen mat Leit aus der Regioun zesummen, eis Eeër fir d‘Ouschteraktivitéit zb. kommen aus klengen Haltungen wou d’Hinger mat Leidenschaft gehale ginn.
zu de Präisser vun Elukka:
Eis Präisser fir d'Aktivitéiten sëtzen sech zesummen aus 10€ d'Stonn pro Kand plus d'Materialkäschten. Dowéint variéieren d'Präisser vun eisen Aktivitéiten. 

 

Fréijoer 2024

Ouschteren 30.03.2024
(ab 5 Joer)

Mäi klengen Gaart 18.05.2024

 (ab 6 Joer)

Summer 2024

Natur mat allen Sënner erliwen

15.06.2024 (ab 8 Joer)

Moosgraffiti

31.07.2024 (ab 8 Joer)

Hierscht 2024

alles ronderëm den "Apel" 28.09.2024    (ab 6 Joer) 

Trauliicht 26.10.2024 

14 bis 16 Auer (ab 6 Joer)

Wanter 2024

Chrëschtzäit
eis lescht Aktivitéit 2024 fënnt den 30.11.2024 statt 14.00h-16.30h

Programm:
An der Chrëschtzäit denken mir och un d‘Déieren aus der Natur an maachen hinnen eng kleng Freed.

  • Mir bereeden Uebst an Geméis fir, an rëschten mat deenen Leckereien e Chrëschtbeemchen fir déi wëll Deieren. 
  • Mir maachen Vullefudder wat d‘Kanner kënnen mat heem huelen


Präis: 25€ / Kand

weider Detailer bei der Umellung

Léif Leit, 


gären organiséieren mir, fir Gruppen, och themenzentréiert Aktivitéiten.
Bsp. Eng Aktivitéit mat eisen Hénger vir Ouschteren, Aktivitéiten ronderëm d’Thema Schof, abenteuerleches an der Natur etc...
Dir sidd interresséiert een Ausfluch bei eis ze plangen, sief et als Schoulausfluch, Kannergebuetsdag, Maison Relais oder Verein
Zéckt net an schreift eis un! :-)