Elukka,

all d‘Aktivitéiten vun Elukka gi begleet vun engem Animateur deen am pädaogeschen Beräich ausgebilt ass an/ oder Animateuren Guide Nature ass. Ausserdeem leeë mir groussen Wäert op regional a Bio Produit‘en. Mir schaffen mat Leit aus der Regioun zesummen, eis Eeër fir d‘Ouschteraktivitéit zb. kommen aus klengen Haltungen wou d’Hinger mat Leidenschaft gehale ginn. 


Gären organiséieren mir, fir Gruppen, och themenzentréiert Aktivitéiten op Demande. 

Dir sidd interresséiert een , Ausfluch oder Kannergebuetsdag, bei eis ze plangen,
Zéckt net an schreift eis un! :-)

Ouschteraktivitéit

5. Abrëll 2025 vun 14:00-16:00

Ouschtere bei Elukka,

erliewe Kanner vill flott Aktivitéiten. Um Programm steet ënnert anerem  Ouschtereeër fierwen mat Naturmaterialien, spilleresch eppes iwwert dat verschiddent Federvieh an d'Diversitéit vun den Eeër kenneléieren. Als Ofschloss dierf natierlech déi grouss Ouschtreeërsich net feelen, wou Kanner op engem Terrain vun 1 Hektar vill Leckereie fannen.

Och eis Schof, Hinger an den Ouschterhues si bei dëser Aktivitéit mat vun der Partie.

Präis: 28 € pro Kand 

Der Natur op der Spuer 

17. Mee 2025 (14:00-16:00)

  Villes an der Natur ass net direkt vir eis Mënschen ze gesinn. Mee alles hannerléisst Spueren, esou zum Beispill den Ofdrock vun enger Déierenpatt. An dëser Aktivitéit léieren d'Kanner spilleresch mat oppenen Aaen duech Natur ze goen. Spueren fannen a liesen, Déieren am Buerdem an am Waasser entdecken a villes méi.


Präis: 20 € pro Kand 

Natur entdecken 19.Juli 2025 

(14:00-16:00)

Dës Aktivitéit riicht sech un Kanner tëschent 5-7 Joer. Geplangt ginn eng Réi un Aktivitéite wou d'Kanner spilleresch d'Natur entdecken.

20 € pro Kand 

Naturer Erforschen, Naturexperimenter 20.07.2025 

(14:00-16:00)

 Kanner ab 8 Joer
Dësen Mëtteg steet ennert dem Motto "Erfuerschen an Expérimentéieren"

Anhand vun verschiddenen spannenden Expérimenter an Spiller erliewen Kanner d'Natur mat allen Sënner

25 € pro Kand 


Alles ronderëm den Apel 20.09.2025 (14:00-16:00)

vir Kanner ab 6 Joer

Wann den Summer op en Enn geet, dréint sech bäi Elukka alles em den "Apel".

Programm :

  • Äppel plécken arafen 
  • Viz a Kompott maachen 
  • gutt Äppelpancakes um Féier


Präis:
25 € pro Kand 
 

Trauliicht 25.10.2025 

(14:00-16:00)
vir Kanner ab 6 Joer

um Programm stinn:

Traditioun vun den Trauliichter opliewe loossen 

 zesumme schnëtzele mir de Rommele komesch Gesiichter

mir maache Stockbrock beim Feier an erziele Grujelgeschichten

20€ pro Kand