Hierscht 2022

alles ronderëm den "Apel" 8.10.2022    (ab 5 Joer) 

Created with Sketch.

Wann den Summer op en Enn geet, dréint sech bäi Elukka alles em den "Apel".

Programm :

  • Äppel plécken a rafen 
  • Viz maachen 
  • eppes gutts aus eisen Äppel kachen



Datum:
8. Oktober 2022 vun 14:00-16:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent

Präis:
20€ pro Kand

all Kand ab 5 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Trauliicht 22.10.2022 (ab 6 Joer)

Created with Sketch.

Programm : 

  • zesummen schnëtzelen mir den Rommelen komesch Gesiichter
  • Stockbrot grillen 
  • d'Kanner kréien eng Geschicht beim Feier erzielt



Datum:
22. Oktober vun 14:00- 16:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
20€ pro Kand

all Kand ab 6 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Summer 2022

Yoga fir Kanner am Bësch 16.07.2022 (ab 6 Joer)

Created with Sketch.

Programm :


Op spilleresch Aart a Weis léieren d’Kanner puer Yogaübungen kennen an zesummen erliewen mir d‘Natur an de Bësch wärend enger Stonn mat allen Sënner. Namasté 



Datum:
16. JULI 2022 vun 14:00-15:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
10€ pro Kand

all Kand ab 6 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Beautyatelier an der Natur 13.08.2022 (ab 8 Joer)

Created with Sketch.

Programm : 

Fir d‘Nohaltegkeet vun eiser Natur ze respektéieren, stelle mir eis eegen Beautyproduiten hir 💄

Aus natierlechen Materialien maachen mir en festen Shampoo, eng Deocrème an e Labello. 
 🌳🐑



Datum:
13. AUGUST 2022 vun 14:00- 16:00


Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
20€ pro Kand


all Kand ab 8 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Forscherdag 3.09.2022 (ab 5 Joer)

Created with Sketch.

Programm :


Dësen Dag steet ënnert dem Motto "Entdecken an Erfuerschen". E risegt Entdeckungs- a Spillparadies erwaart dech bäi Elukka.

Niewent eisen Schof ginn et nach eng Rei aner Déieren op eisem Terrain ze entdecken: Inten, Fräschen, Villercher, Beien, Spannen, Dausendbeen, ...
An eisem Materialkoffer gëtt et alles fir d'Déieren ze erfuerschen, Experimenter sou wéi Bastelgeschier stinn prett 💪🏼

D'Beweegung soll net ze kuerz kommen, kloteren kann een op villen Platzen, den Hiwwel erof rullen mécht riseg Spaass, oder awer léiwer en klengen Kuch an eiser Bulliskichen baken, oder e Schëffelchen bauen wat iwwert eise Weier ka fueren, ...

Datum:
3. September 2022 vun 10:00- 14:00


Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
40€ pro Kand


all Kand ab 5 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Fréijoer 2022

Ouschteren 2.04.2022 (ab 5 Joer) AUSGEBUCHT

Created with Sketch.

Programm :

  • Mir fierwen Eeër mat Naturmaterialien (Zwiwwelen, Spinat, rout Rommelen, etc)
  • Eng Eeërsich iwwert eisen ganzen Terrain 
  • Den Ouschterhues a puer Dickelcher kommen op Besuch 🐰🐔



Datum:

2. Abrëll 2022 vun 14:00- 16:00 


Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
20€ pro Kand


all Kand ab 5 Joer ass häerzlech wëllkomm.

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit w.e.g. uginn, Merci) 


 Mäin klengen Gaart 14.05.2022           (ab 4 Joer)

Created with Sketch.

Programm :

  • All Kand gestalt säin eegenen klengen Gaart mat deem Geméis war him am Beschten schmaacht.  
    🥕🥬🫑🍅🥒
    An fir rauszefannen wat dat ass schmaachen mir eis zesummen duerch verschidden Geméiszorten. 😋

    Fir dass eist Geméis gutt wuessen kann kucken mir eis zesummen un a wéi engem Buedem d‘Planzen am Beschten wuessen, wat d‘Geméis nach alles brauch fir grouss ze ginn, mat wat eis Planzen net sou frou sinn an op wat mir mussen oppassen,... ☀️🌧🌱

    Komm mir dinn d‘Schaffhännchen un a lass an de Gaart. 🧤



Datum:
14. Mee  2022 vun 14:00-16:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
20€ pro Kand

all Kand ab 4 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

 Alles ronderëm d'Schof 11.06.2022         (ab 6 Joer)

Created with Sketch.

Programm :

  • d'Kenneléieren vun eisen 16 Schof
  • d'Kanner erliewen wéi eis Schof geschuer ginn
  • Dono kucken mir eis un wéi frësch geschueren Woll ausgesäit, an frësch geschueren Schof 😉
  • Mir huelen d’Woll ënnert d’Lupe, wäschen se an fannen raus wéi sech d’Woll no den verschiddenen Arbeschtsschrëtt verännert
  • d'Woll gëtt ënnert d'Lupp geholl an mir kucken eis un wéi se ënnert dem Mikroskop ausgesäit
  • eng Klengegkeet filzen mir aus eiser Woll 
  • 🐑


 Dëss Aktivitéit geet iwwer d‘Mëttesstonn, mir iessen zesummen mat den Kanner zu Mëtteg.


Datum:
11. Juni 2022 vun 11:00-15:00

Adress:

um Okebuer zu Heischent.

Präis:
40€ pro Kand

all Kand ab 6 Joer ass häerzlech wëllkomm. 
 

(Bei der Umeldung den Numm vun der Aktivitéit uginn w.e.g. , Merci) 

Léif Leit, 


gären organiséieren mir, fir gréisser Gruppen, och themenzentréiert Aktivitéiten déi Dir momentan net an eiser Offer fannt. 
Bsp. Eng Aktivitéit mat eisen Hénger an Kanéngercher vir Ouschteren, Aktivitéiten ronderëm d’Thema Schof, abenteuerleches an der Natur etc... 
Zéckt net an schreift eis gär un! :-)